Duration 3:59

Iwwerflëssegen LGBTQ-Aktivismus zu Lëtzebuerg

Published 30 Jun 2021

Ungarn gëtt an der EU geschleeft wéinst engem Gesetzestext, dee soss näischt fuerdert, ewéi dat d'Erzéiung - och d'Sexualerzéiung -  vun de Kanner den Eltere soll virbehale bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et iwwerdeems keng Diskriminatioun vun LGBTQ-Persounen, dës Leit hu genee déi nämmlecht Rechter, ewéi all Bierger vum Land. D'Resolutioun vun der Pirate fuerdert, datt Lëtzebuerg elo eng "Freedom zone" fir LGBT-Persoune soll ginn - eng kloer iwwerflësseg Fuerderung wëll des Leit ënnert kenger Form vun Diskriminatioun leiden. D'ADR wëll keng eege Rechtskategorie fir gewësse Lobbyen an/oder Communautéiten, dëst wär nämlech soss näischt, ewéi Diskriminatioun géintiwwer dem Rescht vun der Gesellschaft. Eis Grondrechter an eis Grondfräiheete gëlle fir jiddereen. Den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser präziséiert iwwerdeems a senger Interventioun vum 29. Juni, datt d'Decisioun, wéi e Land gär d'Erzéiung vum Nowuess gestalt, eng nationalstaatlech Kompetenz ass, an déi d'EU sech net anzemëschen huet.

Category

Show more

Comments - 0